
Agenda
15 June 2025
Sunday | 08:00
5 July 2025
Saturday | 06:00


40.000 Euro fir den Télévie
2023 konnt Cycling for Health den Télévie matt 40.000 Euro enerstetzen!
Dese géneréisen Don wuar neme méigelech duech d'Enerstetzung vun eise ville Sponsoren a Partner déi eis sait vill Joëren trei bliwe sin.
Mär hun 2022 de legendäre Master Tour organiséiert, deen vun de Sponsoren TRISPORT, BIONEXT Lab, G-ART, Centre Hospitalier Emile Mayrisch, Gemeng Esch, Paramedicus Zolwer Eck, Ristructura, Sales Lentz a vun der Garage Binsfeld enerstetzt gin ass.
Niewend eise Randonneeën am Juni haate mär dese weekend den DHL Télévie on Tour organiséiert, dee vun de Sponsoren : DHL, Sales Lentz, G-ART, Mathey Mazout, Garage BMW Billa Edmond, Telkea Group, TISMO Consulting, ISS, RTL Group, Groupe Immobilier Luxembourgeois, ROHATEC, Lux CONNECT an CMCM enerstetzt gin ass.
Niewend der finanzieller Enerstetzungvun eise Sponsoren sin esou grouss Evenementer neme méigelech duech d'Hellef vun eise jorelaange Partner Grosbusch Fruits and Vegetables, Intralux, Bauschelter Stuff, Lycée Technique de Lallange, SMP, an d'Boulangerie & Patisserie Berto.
Dofir all eise Sponsoren a Partner e ganz grousse MERCI fir hir Enerstetzung.
E grousse MERCI och un all d'Cyclisten déi un eisen Eventer Deel geholl hun. 100 Cyclisten waren um Départ vum Master Tour an 80 Cyclisten hun um DHL Télévie on Tour Deel geholl.
E ganz grousse MERCI och un all eis Bénévoles. Ouni hir Enerstetzung wier et Cycling for Health onméigelech esou grouss Manifestatiounen ze organiséieren.
Interview mam Claude Wallenborn
Remise vum Schek um Helperknapp